5 Live - In Concert
description
Concert mat 5 Live den 19. Juli 2026 um 17.00 Auer op der gedeckter Bün vum Käercher Gréiweschlass
Oweskees ab 16.00 Auer - Präiss vum Ticket 20 € - 15,99 € am Virverkaf
Pop – Rock - Blues – Country – Jazz
5 Live interpretéiere Songs aus 5 verschiddene Museksrichtungen op hier "cool jazzy" Aart a Weis ... e "Must" fir all Museksfrënn.
5 Live dat sinn : Heng Kleren (bass/vocals) Eric Teuwens (guitar/vocals) Claude Schaus (keyboards) Pol Fox (drums & percussions) Änder Hirtt (vocals)
Den Heng, ronn 20 Joer Bassist bei der beschtbekannter Band "Challengers" huet niewebäi och Atmosphere, Playtime, No Alibi, Electric Blues Band a Murphys Law de Bass gehalen. No sengem Studium um Mozarteum wor hien berufflech Musekserzéier an huet donieft a sengem Tounstudio muench Kannerproduktioune realiséiert. Seng Passioun nieft dem Bass: de Mastering a säin Musekslabel FunkyBabyRecords.
Astronaut, Football-Pofi, Stärekach, ... dem Eric säin Dram ass eréischt an Erfëllung gaang wou e fir d'éischt eng akustesch Gittar am Grapp hat an déi huet hien net méi lass geloos. Vun der Klassik bis bei den Jazz, hien huet a ville Formatiounen säin Talent zum Beschte ginn, wor Studiomuseker an huet eng laang Carrière als Gittarsprof hannert sech.
De Claude huet scho mat 8 Joer an d'Taste gefacht awer "Bach" an "Czerny" waren net esou richteg no sengem Geschmaach... bei Blues an Jazz dogéint krut hien esou richteg Appetit! No enger Jazz Formatioun am Ettelbrécker Conservatoire wor hien net méi ze halen an huet eng Band no der anerer mat sengem virtuose Fangerspill dronke gemaach: Funky P., Claudine Muno, Opus 78, Murphys Law, fir der e puer ze nennen.
Vun den Drum-Sticks bis bei d' Dirigentebaguette,
dem Pol hunn d'Bengelen et ugedoen. Um Bréisseler Conservatoire Royal de Musique krut en an der Schoul vum Bruno Castellucci d'Trommele bäibruecht an haut ass seng Batterie net méi platt ze kréien. Hien ass Bandleader bei Opus 78, Komponist, Arrangeur, Musekspedagoge
an huet mat senger Band "Paul Fox Collective" 2 Jazz Alben eraus bruecht: «Submerging and Emerging » an «Breaking the Silence».
Den Änder, an den 80ger Joren, Sänger a Frontmann vu "Fascination", wor och soss musikalesch ëmmer nees am Asaz: California, Electric Blues Band, No Alibi ...
Donieft huet hie selwer deen een an anere Song geschriwwen an erausbruecht a bei e sëllege Lëtzebuerger Studio-Produktioune matgewierkt.