Moniflo Investing School – Spezialeditioun
Dës Kéier brénge mir Finanzwëssen op eng méi genësslech Manéier! Bei dëser exklusiven Editioun vun der Moniflo Investing School verbannen mir Investéieren a turbulente Mäert mat enger exzellenter Wäin Dégustatioun – an dat alles mat der Hëllef vun La Maison Viticole Schmit-Fohl an der Brasserie Abtei.
Wat erwaart dech?
-
Léier, wéi’s du och an onsécheren Zäiten selbstbewosst investéiers.
-
Entdeck Premium-Wäiner a genéiss e gesellege Owend mat anere passionéierte Investisseuren.
-
Eng Rei vu prakteschen Tipps, fir d’Chancen am Maart ze notzen an deng Strategie nach méi ze verfeineren.
Egal ob Bourse oder Barrique – et kënnt ëmmer op déi richteg Strategie oder Auswahl un!
✅ D’Participatioun ass komplett gratis, mee d’Plaze si limitéiert! Sécher dir deng Platz elo a komm op en inspiréierenden Owend mat eis!
Wéi kommt dir am beschten bei d'Brasserie Abtei?
➡️ Nooste Parking: Saint Esprit – hëlt de Lift erof an de Gronn, oder Parking Brasserie